IFYE-Austausch

Bass du interesséiert fir an d’Ausland ze goen , als IFYE op Lëtzebuerg ze kommen oder international Jonker bei dir opzehuelen? Lies weider fir méi iwwer IFYE gewuer ze ginn!

[ OUTGOINGS ]

Géi an den Austausch!

An en IFYE-Austausch goen, heescht Liewensverännerend Erfahrungen maachen an e richtegen IFYE ginn. 

Wärend dengem Austausch wunns du mat verschiddene Gaaschtfamillen, déi dacks Erfahrung mam IFYE-Programm hunn. Dëst erlaabt dir Leit mat verschiddenen Hannergrënn kennenzeléieren an esou eng méi breet Perspektiv iwwer d’Liewen an dengem Gaaschtland ze kréien. Du wäers an all Aspekter vum Familljeliewen agebonne sinn: Familljenausflich, Gemeinschaftsaktivitéiten awer och Aufgaben am Haushalt. Den IFYE Programm ass keen touristeschen Ënnerhalungsprogramm. Et ass och kee Schoulprogramm. Seng Interesse sinn reng kulturell. Den Alldag vun de Gaaschtfamillen leet de Rhythmus vun den Aktivitéiten fest, un deenen s du Deel hëls. 

E puer vun de Gaaschtfamillen si Bauerefamillen. Wärend dengem Openthalt bei hinnen, gëtt vun dir erwaart un e puer vun den landwirtschaftlechen Aarbechten deelzehuelen. Du bass awer keen eigentlechen Aarbechter um Haff. Dëst bedeit dass du net fir deng Aarbecht bezuelt gëss. Dofir, wunns du awer bei der Famill déi hiert Doheem an hier Traditiounen mat dir deelt. 

[ INCOMINGS ]

Get a taste of Luxembourg!

Welcome to the Grand-Duchy of Luxembourg – a unique country with a very cosmopolitan society. 

Situated in western Europe, Luxembourg counts among the smallest countries of the continent. Indeed, due to its tiny size of 2,586 km2 and a population of nearly 650.000 it is often overlooked. However, there are many things to discover. Not only the landscapes surprise with a variety of features. Also the people themselves bring in a broad mix of cultures. Nearly 50% of the population is international. This creates a unique environment.

The IFYE exchange program exists in Luxembourg since the late 1950s and has ever since been cherished by the ones involved. As an incoming IFYE you will become a part of a close network of passionate and openminded people that can’t wait to welcome you in their county and their home.

[ HOSTING ]

Gitt eng Gaaschtfamill! !

Sidd Dir interesséiert fir mat Jonken aus dem Ausland a Kontakt ze kommen? Mir sichen kontinuéierlech no neie Gaaschtfamillen zu Lëtzebuerg, déi gären auslännesch Kulturen kenneléieren a jonk international Leit an hirem Doheem begréissen. 

Als Gaaschtfamill ass et Är Aufgab, den incoming IFYE (also den Austausch-Participant) an déi lëtzebuergesch Kultur awer och an Äert perséinlecht Familljeliewen anzféieren. 

Eng Gaaschtfamill am IFYE Programm ze sinn, heescht eng jonk international Persoun fir eng Period vun zwou bis véier Wochen bei sech doheem opzehuelen. Äert Doheem soll also en adäquate Logement vun der Persoun erlaben. All incoming IFYEen sinn tëscht 18 an 30 Joer al. Wärend hirem Openthalt gi se als Member vun der Famill ugesinn an et gëtt vun hinnen erwaart, sech och dementspriechend ze verhalen.

Fir d’Kommunikatioun ze erliichteren, ass et am einfachsten wann op d’mannst eng Persoun an der Gaaschtfamill e bëssen Englesch kann. Et ass net keng absolut Noutwennegkeet. D’Erfahrung huet gewisen datt d’Leit ëmmer e Wee fannen fir sech ze verstännegen. Um Enn sinn Wierder net déi eenzeg Manéier fir ze kommunizéieren.