Iwwer IFYE

Ursprénglech war den IFYE-Austausch e Programm speziell fir jonk Leit mat landwirtschaftlechen Hannergrënn. Hautdesdaags ass en op fir jiddereen, deen interesséiert ass fir entweder an den Austausch ze goen oder fir jonk Leit aus dem Ausland fir eng kuerz Zäit bei sech opzehuelen. 

IFYE_History

Geschicht

Alles huet 1948 mat engem jonken amerikaneschen Zaldot ugefaangen, deen am Zweete Weltkrich an Europa gekämpft hat an d’Noutwendegkeet vun engem méi groussern interkulturellen Verständnis erkannt huet fir doduerch de Fridden ze stäerken. D’Iddi vun engem internationalen Austauschprogramm fir jonk Leit war gebuer. 

Well d’Bauerefamillen dacks net d’Moyene haten, fir hire Kanner et ze erméiglechen, d’Welt ze bereesen, huet den IFYE-Programm duerch finanziell an organisatoresch Ënnerstëtzung deene Jonken d’Méiglechkeet ginn, auslännesch Kulturen ze entdecken. 

Zënterhierhir huet sech den IFYE Programm wäitreimeg weiderentwéckelt. Et ginn elo national IFYE Associatiounen op bal alle Kontinenter a si organiséieren bilateral Austauschprogrammer mat Länner weltwäit. Wärend sech de Programm ursprénglech an engem reng landwirtschaftleche Kontext ofgespillt huet, ass en haut op fir all Interessenten. 

IFYE (2)

IFYE Lëtzebuerg

Inspiréiert vun der Iddi vum ursprénglechen US Programm, gouf IFYELëtzebuerg  an de spéiden 1950er gegrënnt. Et ass eng asbl vun fréieren Austausch-Participanten, de sougenannte IFYEën . D’Haaptmissioun vun der Associatioun besteet an der Organisatioun vum internationalen Austausch duerch Zesummenaarbecht mat aneren 
IFYE Associatiounen. 

E puer Joer nom Start vum IFYE-Programm duerch d’Initiativ vun den USA huet sech d’Iddi fir eng ähnlech Organisatioun zu Lëtzebuerg opzebauenen an Deel vum internationale IFYE-Netzwierk ze ginn och zu Lëtzebuerg gefestegt. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Pierre Büchler, fréiere Landwirtschaftsminister zu Lëtzebuerg, gouf 1957 IFYE Lëtzebuerg gegrënnt. 

pexels-brett-sayles-1431822

IFYE Spirit

Wärend dengem Austausch Deel vu lokalen Famillen ze ginn, heescht Relatiounen opbauen, déi ee Liewe laang hale kënnen. Den oppene Geescht, de Virwëlz an d’Bereetschaft fir kontinuéierlech vuneneen ze léieren sinn
d’Basis fir dës international Frëndschaften
Dat ass wat den eigentlechen “IFYE-Spirit” ausmécht. D’Iddi ass och am “Song of Peace“, der sougenanannter IFYE-Hymne, verkierpert.

Um IFYE Austauschprogramm deelzehuelen heescht eng nei Kultur entdecken andeems du bei Gaaschtfamillen wunns an dech an hirer lokaler Gemeinschaft engagéiers. Zur selwechter Zäit bass du e Vertrieder vun dengem eegenen Heemechtslanden Ambassadeur, deen fir dat géigesäitegt Versteesdemech tëscht de Kulturen antrëtt.

Eemol en IFYE, ëmmer en IFYE! Wann s du däin Austausch ofgeschloss hues, hues du d’Méiglechkeet Member vum Lëtzebuerger IFYE Alumni Organisatioun ze ginn an als solchen kanns du suwuel un nationalen wéi och un internationalen IFYE Eventer deelhuelen, wéi déi alljährlech Europäesch IFYE Konferenzen.