FAQs

Kuck dir déi dacks gestallte Froen hei drënner un.  Wann s du nach Froen hues, zéck net eis ze kontaktéieren ! 

Oft gestalte Froen

DE PROGRAMM

Normalerweis dauert en IFYE Austausch tëscht dräi a sechs Méint. Et gëtt awer eng gewësse Flexibilitéit fir d’Längt vun dengem Auslandsopenthalt unzepassen. Trotzdem sinn aacht bis zéng Wochen den absolute Minimum fir dir z’erméiglechen wierklech d’Erfarungen ze maachen fir déi de Programm entworf ginn ass.

Rees an d’USA oder an e Land bannent Europa. Däitschland, Schwäiz, Éisträich, Slowenien, Estland, Finnland, Schweden, Norwegen oder Groussbritannien dorënner England, Nordirland, Wales, Isle of Man a Schottland – d’Optioune si villfälteg. Wann s du décidéiers fir en Austausch vun insgesamt sechs Méint ze maachen, kanns du an zwee verschidde Länner (oder Staaten) reesen an verbréngs jeweils dräi Méint an engem vun hinnen. An denger Kandidatur kanns du eng Virauswahl vu Länner uginn, an déi s du am léifsten géings reesen. 

Jo, wann s du décidéiers fir an en Austausch vu sechs Méint ze goen, hues du normalerweis d’Méiglechkeet fir e puer Wochen eleng ze reesen. Awer och wann s du un engem méi kuerze Programm deelhëlls, kanns du natierlech ëmmer decidéieren fir eng weider Zäit ze reesen nodeems däin Austausch offiziell eriwwer ass.

Jo, vill Länner organiséieren e Begréissungsevenement fir déi nei IFYEën, wou se déi aner Austausch-Participanten begéinen, déi gläichzäiteg am Land sinn. Wärend dësen éischten Deeg vun dengem Austausch kriss du all déi néideg Informatioun déi s du brauchs fir dir ze hëllefen, dech sou gutt wéi méiglech z’integréieren.

Wärend dengem Austausch wunns du bei verschiddene Gaaschtfamillen. Ofhängeg vun der Dauer vun dengem Austausch wäers du all zwou bis véier Wochen an eng nei Famill plënneren. 
D’IFYE Associatiounen vun den Gaaschtlänner maachen hiert Bescht fir déi gewielte Famillen esou gutt wéi méiglech op un d’Interesse vun den Austauschparticipanten ofzestëmmen.

A Konsultatioun mam lokalen Austauschkoordinator ass ofhängeg vun der Situatioun eng fréi Weiderrees bei déi nächst Gaaschtfamill méiglech. Dëst gëllt awer nëmmen wann et valabel Grënn gëtt. 

UFUEDERUNGEN

Theoretesch ka jiddereen mat der lëtzebuergescher Nationalitéit, deen zu Lëtzebuerg wunnt an am Alter tëscht 18 an 30 Joer ass, eng Kandidatur stellen fir un engem IFYE Austauschprogramm deelzehuelen. Du muss awer eng Selektiounsprozedur duerchlafen, inklusiv enger formeller Kandidatur an engem Interview mam Comité vun der Associatioun IFYE Lëtzebuerg.

Nee, Dir muss keng Sproochekenntnisser noweisen. E puer Basiskenntnisser am Engleschen oder enger aner geschwatener Sprooch vum Destinatiounsland kënnen hëllefräich sinn. Awer schliisslech soll den Austauschprogramm dir och hëllefen, eng Sproochkenntnisser ze verbesseren. 

Du kanns e Certificat kréien, deen deng Participatioun um IFYE Austauschprogramm noweist, nodeems du en ofschléissende Bericht ofginn hues an eng Presentatioun iwwer déng Erfarungen während dem Austausch gehalen hues. Allerdéngs ass den IFYE-Programm keen offiziell unerkannte Stage am Kontext vu Schoulprogrammer. 

Den IFYE Programm leeft typescherweis vu Juni bis Dezember. Ofhängeg vun der Destinatioun, kann den Austausch awer och e bësse méi fréi oder méi spéit ufänken. Tëschent Januar a Juni fannen fir gewéinlech awer keen Austausch statt. 
Wann s du um IFYE Austauschprogramm interesséiert bass, ass et ugeroden eis esou séier wéi méiglech ze kontaktéieren. D’Kandidaturen lafen bis Mëtt Mäerz fir en Austausch am selwechte Joer. wann s du plangs an e Land ausserhalb vun der EU ze reesen, musst du eventuell e Visa ufroen. Dës Prozeduren huelen normalerweis Zäit. Wat s du méi fréi ufänks ze plangen, wat besser. 

D’Käschte variéieren immens ofhängeg vum Land an dat s du rees an d’Dauer vun dengem Openthalt. IFYE Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Austausch-Participanten andeems d’Associatioun en Deel vun de Reeskäschten  bis zu engem bestëmmte Betrag iwwerhëllt. Well s du bal déi ganz Zäit bei Gaaschtfamillen verbréngs, falen awer kaum Käschten fir d’Wunnen an d’Verfleegung un. Käschten mat deenen s du awer muss rechnen déi, sinn déi fir e Visa ze kréien (falls néideg) an fir eng zousätzlech Versécherung. 

Ab Abrëll siche mir no Gaaschtfamillen fir IFYEen, déi fir e puer Méint op Lëtzebuerg kommen. Mee bis dohinner musst Dir net waarden. Dir kënnt eis d’ganzt Joer iwwer kontaktéieren a mir setzen eis mat Iech a Verbindung!